DGF – Dacks Gestallte Froen

Op dëser Säit fënns du vill Äntwerten op Froen, déi d’Formatioun betreffen. Wann s du eng Fro hues, déi hei net beäntwert gëtt, kanns du se iwwert de Kontaktformulaire un d’Formatiounsekipp stellen.

Mat der Formatioun ufänken

De Mindestalter, fir eng Formatiounsaktivitéit matzemaachen, ass 16 Joer, den Dag wou d’Aktivitéit ufänkt.

De Mindestalter, fir mat der Formatioun fir Gruppechef unzefänken, ass 24 Joer.

Huet dës Äntwert dir weidergehollef ?
2
0

All d’Umeldunge fir d’Formatioun bei den LGS geschéien iwwert en Online-Formulaire. (Dëse Formulaire ass an der “Chefbox“, fir déi een e Login brauch.)

Huet dës Äntwert dir weidergehollef ?
0
1

Wann s du mam 1. Zyklus vun der Formatioun ufänks, kriss du op denger éischter Formatiounsaktivitéit (Tronc Commun, STIP oder PS-Weekend) eng Formtiounskaart. Op der Récksäit vun dëser Kaart ginn d’Datumer vun denge Formatiounsaktivitéiten agedroen (Ënnerschrëft vum responsabele Formateur) an och d’Aktivitéite vun dengem “Praktesche Stage” (Ënnerschrëft  vun dengem Branchechef an/oder Gruppechef).

Fir den 2. an 3. Zyklus gëtt et keng Formatiounskaart.

Huet dës Äntwert dir weidergehollef ?
2
1

Ernennungen

Mat enger Ernennung als “Assistent” (ABC, AWC, ATC, ACC) kanns du :

  • responsabele Chef vun engem Weekend am Inland sinn (maximal 2 Nuechten, maximal 50 km Loftlinn vun der Grenz ewech)
  • um Verbandskongress ofstëmmen

Mat enger Ernennung als “Branchechef” (BC, Akela, TC, CC) kanns du :

  • responsabele Chef vun engem Weekend am Inland an am Ausland sinn
  • responsabele Chef e Camp sinn
  • um Verbandskongress ofstëmmen

Mat enger Ernennung als “Gruppechef” (GC) kanns du :

  • däin Accord gi fir d’Umeldung vun de Weekender an de Campen, déi vun den Unitéiten aus dengem Grupp organiséiert ginn
  • däin Accord gi fir eng Demande fir eng Ernennung  vu Chefs aus dengem Grupp
  • responsabele Chef vun engem Weekend sinn (ënnert der Konditioun dass du de “Brevet Animateur B” hues)
  • responsabele Chef vun engem Camp oder engem Weekend am Ausland sinn (ënnert der Konditioun dass du de “Brevet Animateur C” hues)
  • um Verbandskongress ofstëmmen
Huet dës Äntwert dir weidergehollef ?
0
1

Fir eng Ernennung als Assistent oder als Branchechef ass de Mindestalter 18 Joer.

Fir eng Ernennung als Gruppechef ass de Mindestalter 25 Joer.

Huet dës Äntwert dir weidergehollef ?
1
0

Eng nei Ernennung ass prinzipiell ëmmer 3 Joer laang gëlteg (ausser si gëtt explizit fir manner laang ugefrot). Duerno muss se “erneiert” ginn.

Aus administrative Grënn sinn alleguer d’Ernennungen offiziell bis de Verbandskongress gëlteg. Aus technesche Grënn behalen alleguer d’Ernennungen hir Gëltegkeet bis den 1. Oktober.

  • Z.B.: Eng nei Ernennung, déi de 07.11.2018 accordéiert gouf, ass gëlteg vum 07.11.2018 bis de Verbandskongress 2021 ; si kann awer bis den 01.10.2021 agesat gi fir eng Aktivitéit unzemellen.

 

Eng Ernennung, déi ofgelaf war a mat 3 Paddelen erneiert gëtt, ass gëlteg vum Verbandskongress op deem se ofgelaf ass, bis de Verbandskongress 3 Joer méi spéit.

  • Z.B.: Eng Ernennung, déi um Verbandskongress 2018 ofgelaf war an de 07.11.2018 mat 3 Paddelen erneiert gëtt, ass gëlteg bis de Verbandskongress 2021.
  • Z.B.: Eng Ernennung, déi um Verbandskongress 2016 ofgelaf war an de 07.11.2018 mat 3 Paddelen erneiert gëtt, ass gëlteg bis de Verbandskongress 2019.

 

Huet dës Äntwert dir weidergehollef ?
1
0

Wien am Ausland studéiert, ka während der Dauer vum Studium seng Ernennung all Joer fir jeeweils 1 Joer erneiere loossen. Heifir muss bei der Demande fir d’Erneierung vun der Ernennung e Scan vun engem Aschreiwungscertificat vun der Uni fir dat virecht Joer mat ropgeluede ginn.

Huet dës Äntwert dir weidergehollef ?
1
0

Unerkennung vun externe Formatiounen

Wie schonn eng Formatioun bei enger anerer Jugendorganisatioun matgemaach huet an doriwwer de “Brevet Animateur B” krut, kritt dës deelweis unerkannt a kann eng Ernennung als “Assistent” (ABC, AWC, ATC, ACC) kréien, ënner folgende Konditiounen :

  • de “Scoutstechnikendag” um Tronc Commun matmaachen *
  • de “Methodendag” an der betraffener Branche matmaachen
  • e “Rapport iwwer eng gréisser Aktivitéit” schreiwen (Formulaire F08)

Bei der Demande fir d’Ernennung w.e.g. e Scan vum Brevet B mat eroplueden.

* : Wie seng Formatioun fir de Brevet B bei engem anere Guiden/Scoutsverband (z.B. FNEL) gemaach huet, brauch de Scoutstechnikendag NET ze maachen.

 

Huet dës Äntwert dir weidergehollef ?
1
0

Wie schonn eng Formatioun bei enger anerer Jugendorganisatioun matgemaach huet an doriwwer de “Brevet Animateur C” krut, kritt dës deelweis unerkannt a kann eng Ernennung als “Branchechef” (BC, Akela, TC, CC) kréien, ënner folgende Konditiounen :

  • de “Scoutstechnikendag” um Tronc Commun matmaachen *
  • de “Methodendag” an der betraffener Branche matmaachen
  • eng “Visite an der Unitéit” duerch 2 Vertrieder vun der betraffener Bracnchenekipp

Bei der Demande fir d’Ernennung w.e.g. e Scan vum Brevet C mat eroplueden.

* : Wie seng Formatioun fir de Brevet C bei engem anere Guiden/Scoutsverband (z.B. FNEL) ofgleschloss huet, brauch de Scoutstechnikendag NET ze maachen.

 

Huet dës Äntwert dir weidergehollef ?
1
0