10
2017
Nov

Tronc Commun Weekend 2

18:00

Neihaischen

Den zweeten Tronc Commun Weekend ass ausgebucht, eng Umeldung ass lo leider net méi méiglech.

Den “Tronc Commun” gehéiert zum 1. Zyklus vun der Formatioun, fir eng Ernennung als “Assistent” (ABC, AWC, ATC, ACC).

De Weekend ass am Chalet Nicolas Rollinger um Neihaischen (1 rue Principale L-5290 Neihaischen).

E fänkt Freides Owes um 18h00 un an dauert bis Sonndes Mëttes 18h00.

Matbrénge solls Du :

  • Uniform a Foulard
  • Kleeder fir bei all Wieder erauszegoen *
  • fest Schong
  • Schlappen
  • Schlofsak
  • Täscheluucht
  • Täschemesser
  • Gamelle a Besteck
  • Wäschsaachen
  • Formatiounskaart (wann s du schonn eng hues)
  • e bëssen Täschegeld fir de Bistro owes **
  • e Kompass
  • e Muséksinstrument

* : E gudden Deel vun der Formatioun ass dobaussen oder am Keltenhaus. An dat wierklech onofhängeg

vum Wieder. Dofir denk onbedéngt u waasserdicht a waarmt Gezei !

** : Während dem Tronc Commun organiséiere mir Owes e Bistro, dofir ass et weder néideg nach erlaabt

fir eegent alkoholescht Gedrénks matzebréngen…