16
2018
Nov

Tronc Commun 2

18:00

Neihaischen

Den “Tronc Commun” gehéiert zum 1. Zyklus vun der Formatioun (fir eng Ernennung als Assistent). De Mindestalter fir den Tronc Commun matzemaachen ass 16 Joer, den Dag wou d’Formatioun ufänkt.

Fir sech unzemellen, hei klicken.

Praktesch Infoen :

De Weekend ass am Chalet Nicolas Rollinger um Neihaischen (1 rue Principale L-5290 Neihaischen).

E fänkt Freides Owes um 18h00 un an dauert bis Sonndes Mëttes 17h00.

Matbrénge solls Du :

  • Uniform a Foulard
  • Kleeder fir bei all Wieder erauszegoen *
  • fest Schong
  • Schlappen
  • Schlofsak
  • Wäschsaachen
  • Gamelle, Besteck a Becher
  • Täscheluucht
  • Täschemesser
  • Schreifgeschier
  • Formatiounskaart (wann s du schonn eng hues)
  • e bëssen Täschegeld fir de Bistro owes **
  • e Behälter fir Iesswueren (Genre Tupperware®)
  • evtl. e Kompass
  • evtl. e Muséksinstrument

* : E gudden Deel vun der Formatioun ass dobaussen oder am Keltenhaus. An dat wierklech onofhängeg vum Wieder. Dofir denk onbedéngt u waasserdicht a waarmt Gezei !

** : Während dem Tronc Commun organiséiere mir owes e Bistro, dofir ass et weder néideg nach erlaabt fir eegent alkoholescht Gedrénks matzebréngen…

Wann s Du nach Froen hues, kanns déi op mailen oder dem Cathy Kirsch an der Géisserei uruffen (Tel.: 26 94 84).

PDF Infobréif