07
2016
Oct

Tronc Commun 1

18:00

Chalet Nicolas Rollinger

D’UMELDUNG FIR DEN TRONC COMMUN 1 ASS BIS DEN 30.09. GELAF, ENG WEIDER UMELDUNG ASS LO NET MEI MEIGLECH !

De Weekend ass am Chalet Nicolas Rollinger um Neihaischen (1, rue Principale L-5290 Neihaischen).

E fänkt Freides Owes um 18h00 un an dauert bis Sonndes Mëttes 18h00.

Matbrénge solls Du :

  • Uniform a Foulard
  • Kleeder fir bei all Wieder erauszegoen
  • fest Schong
  • Schlappen
  • Schlofsak
  • Täscheluucht
  • Täschemesser
  • Wäschsaachen
  • Gamell, Besteck a Becher
  • Kichenduch
  • Formatiounskaart (wann s du schonn eng hues)
  • e bëssen Täschegeld fir de Bistro owes
  • evt. e Kompass
  • evt. e Muséksinstrument

E gudden Deel vun der Formatioun ass dobaussen oder am Keltenhaus. An dat wierklech onofhängeg vum Wieder. Dofir denk onbedéngt u waasserdicht a waarmt Gezei !

Wann s Du nach Froen hues, kanns déi op mailen oder dem Cathy Kirsch an der Géisserei uruffen (Tel.: 26 94 84).

Infobréif