19
2018
May

STAP 2018

Bilschdref

De STAP (“STage d’Approfondissement Pédagogique”) ass den “theoreteschen” Deel vum 2. Zyklus vun der Formatioun bei den LGS, fir eng Ernennung als Branchechef (Biberchef, Akela, Truppechef, Clanchef) an de Brevet Animateur C ze kréien.

Dëse Formatiounscamp ass fir all d’Branchen zesummen an dauert 8 Deeg / 7 Nuechten.

Ziler vun der Formatioun :

Um Enn vun dëser Formatioun soll de Kandidat kënnen :

  • eng Branchenunitéit (Famill, Ruddel, Trupp, Clan) an eng Chefekipp leeden
  • e Camp (eng Aktivitéit vun 3 oder méi Nuechten) organiséieren a leeden

Inhalter vun der Formatioun :

  • Roll vum Branchechef
  • Féierungsstiler
  • Organisatioun vun engem Guiden- a Scputscamp
  • Administratives (intern an extern)
  • Finanzielles (e Budget opstellen a geréieren)
  • Logistik (eng Campplaz ariichten)
  • Sécherheet, Präventioun, Assurancen, Abus sexuel
  • Psychologie vum Kand / Jugendlechen
  • Gruppendynamik
  • Konfliktpräventioun
  • Elterenaarbecht
  • Internationales (Camp am Ausland)
  • Ravi (en ausgeglachene Menu opstellen)
  • Branchemethoden
  • Campliewen
  • Animatiounstechniken
  • Naturpädagogik
  • Spirituell Animatioun
  • Bilan vun enger Aktivitéit

Konditioune fir de STAP matzemaachen :

  • op d’mannst 18 Joer al sinn
  • eng Ernennung als Assistent (den 1. Zyklus vun der Formatioun muss ofgeschloss sinn !)
  • alternativ: de Brevet Animateur B bei enger anerer Organisatioun + Methodendag bei enger LGS-Branche

Umeldung :

Formatiounen 2017/2018