18
2018
Nov

Scoutstechnikendag 2

08:00

Neihaischen

Wie schonn eng Formatioun bei enger anerer Jugendorganisatioun matgemaach huet an doriwwer de “Brevet Animateur B” krut, kritt dës deelweis unerkannt a kann eng Ernennung als “Assistent” (ABC, AWC, ATC, ACC) kréien, ënner folgende Konditiounen :

  • de “Scoutstechnikendag” um Tronc Commun matmaachen *
  • de “Methodendag” an der betraffener Branche matmaachen
  • e “Rapport iwwer eng gréisser Aktivitéit” schreiwen (Formulaire F08)

Bei der Demande fir d’Ernennung w.e.g. e Scan vum Brevet B mat eroplueden.

* : Wie seng Formatioun fir de Brevet B bei engem anere Guiden/Scoutsverband (z.B. FNEL) gemaach huet, brauch de Scoutstechnikendag NET ze maachen.

 

Wie schonn eng Formatioun bei enger anerer Jugendorganisatioun matgemaach huet an doriwwer de “Brevet Animateur C” krut, kritt dës deelweis unerkannt a kann eng Ernennung als “Branchechef” (BC, Akela, TC, CC) kréien, ënner folgende Konditiounen :

  • de “Scoutstechnikendag” um Tronc Commun matmaachen *
  • de “Methodendag” an der betraffener Branche matmaachen
  • eng “Visite an der Unitéit” duerch 2 Vertrieder vun der betraffener Bracnchenekipp

Bei der Demande fir d’Ernennung w.e.g. e Scan vum Brevet C mat eroplueden.

* : Wie seng Formatioun fir de Brevet C bei engem anere Guiden/Scoutsverband (z.B. FNEL) ofgleschloss huet, brauch de Scoutstechnikendag NET ze maachen.