Umelle fir d’Formatioun 2020-2021

Säit dem Chefdag funktionéiert en neit „Formatiounsportal“, iwwert dat dir iech fir déi verschidde Formatiounsaktivitéite kënnt umellen.

Dir fannt dat Portal an der Chefbox : https://chefbox.lgs.lu/katalog/zyklen/

Fir de Moment kann ee sech fir folgend Formatiounen umellen:

  • 1. Zyklus: Tronc Commun + STIP + PS-Formatioun
  • Formatiounsweekend fir Gruppechef

NB: Wéinst de Covid-Moossname gouf d’Formatiounsportal méi fréi an den Asaz geholl wéi geplangt (virun allem well op all Formatioun eng Limite vun 30 Kandidate muss agehale ginn). Dëst bedeit, dass d’Portal momentan an enger Beta-Versioun leeft an eventuell mol e Bug kann optrieden. Mir entschëllegen eis am viraus dofir. Dir kënnt iech an deem Fall iwwer Mail op  mellen. E grousse Merci un de Pol Wagner fir dat séiert ëmsetzen.

No an no wäerten hei och d’Umeldunge fir déi aner Formatiounsaktivitéite (STAP, AS, Kanu, asw.) opgoen. Spéider si weider Funktiounen am Formatiounsportal geplangt (z.B. eng Asiicht an déi eegen Ernennungen).
Weider Infoen iwwert d’Formatioun fannt dir um virtuelle Stand vun der Formatiounsekipp vum Chefdag 2020 (https://chefdag.lgs.lu/formatioun/) an um Microsite vun der Formatioun (https://formatioun.lgs.lu). Eventuell Froe kënnt dir u  mailen.
David Heck
Formatiounscommissaire